Encadrement UNA

D'Jugendaarbecht vum FC UNA Strassen get vun eiser Jugendkommissioun organiseiert.

An der Jugendkommissioun këmmert sech eng speziell commission sportive em den sportlechen suivi vun eiser Jugend.

Vir déi alldeeglech sportlech coordinatioun ass eisen coordinateur jeunes responsabel.

Mir leen groussen Wärt drop, dass d´Kanner a Jugendlecher sech bei eis Wuel fillen, Spass um Sport hun, an respektvoll mateneen emgin. D'Werter déi mir vermettelen wellen fannt Dir an eiser charte de la protection de la jeunesse.